Aktivitéiten 1. Semester 2018

Am 1. Semester dëst Joer hunn mir mat neien Aktivitéiten probéiert Lëtzebuerger Studenten zu Aberdeen zesummen ze kréien an flott Momenter zesummen ze verbréngen.

Ugefaangen huet et mat enger gemittlechen Owend am Bobbin wou mir eis no enger laanger Summervakanz getraff hunn fir net nëmmen zesummen ze drénken mee eis och no deenen laangen Méint erëm ze gesinn.

E puer Wochen dono haten mir eisen schonn bal traditionellen Kniddelowend wou vill nei Lëtzebuerger Studenten vun Aberdeen déi éischte Kéier dobäi waren an mir waren frou als Comité esou vill nei Gesichter begréissen ze konnten. Et war en flotten Owend mat net nëmmen gudden Kniddelen, mee och gudder Stëmmung.

Kniddelowend

Am November waren mer dunn an den Escape Room, wou mir et gepackt hunn an net emol enger Stonn all d’Rätselen ze léisen an aus dem Graf vum King Esk eraus ze kommen. Gutt Zesummenaarbecht an vill Spaass hunn eis dobäi zum Erfolleg bruecht.

Escape Room

Ofgeschloss hunn mir d’Joer mat enger Visitt um Chrëschtmäert zu Edinburgh. Och wann d’Wieder net ganz matgespillt huet an et kal an naass war esou haten mer awer trotzdeem e super Nomëtten mat wéineg Glühwäin mee dofir vill z’iessen. Mir freeën eis op dat kommend Semester!

Chrëschtmäert zu Edinburgh