Am Januar haten mir mir eisem ‘Back to Uni’ an hunn am Bobbin gemittlech zesummen an d’neit Semester gestart. Et gouf sech vill ze erzielen no enger laanger Chrëschtvakanz an mir waren frou eis alleguer erëm ze gesinn.

E puer Wochen dono huet et geheescht ‘LSA goes Cinema’ wou e puer Memberen aus dem Cercle zesummen de Film Alita : Battle Angel kucken gaangen sinn.

Enn Februar haten mir dann erëm eng gréisser Aktivitéiten wou mir zesummen Bowling spillen gaangen sinn. Vill Memberen an net-Memberen hunn an der Lane 7 e flotten Owend verbruecht éier se dono nach zesummen iessen gaangen sinn fir den Owend auskléngen ze loossen.

Zum Ofschloss vum Semester haten mir dann nach eisen traditionellen Kniddelowend, wou mir net nëmmen zesummen giess hunn, mee eis och nach eng leschte Kéier gesinn hunn virun der laanger Summervakanz.

Domadder geet d’akademescht Joer 2018/2019 op en Ënn an mir freeën eis schonn op September!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *