Aktivitéiten 1. Semester 2019/2020

Aktivitéiten 1. Semester 2019/2020

Ugefaangen huet eist Semester mat engem Pubcrawl (aka Bistrotkrabbel), dee vun der BENELUX Society organiséiert ginn ass. An der Belmont Street gouf kee Pub am Stach gelooss an et ass och kee vun eis duuschtreg Heem gaangen. Mir goufen an Teams opgedeelt a missten ënner anerem Mëllech drénken, ee Läffel op eiser Nues balancéieren oder souguer een Halzebockel-Rennen duerch d’Belmont Street machen.

Dunn ass et weider gaangen mat enger Bowling Session an der Lane 7. Mir hunn eis all Méi ginn fir sou vill wéi méiglech Kehlen ëmzestoussen (an dobäi Unisdrock rausloossen). Nom Bowlen sinn och nach de Billard an den Airhockey un d’Rei komm.

De ganze Comité war natierlech beim Bowlen dobäi.
GOOOO Jessie!

Kee Semester geet ëm ouni eisen traditionellen Kniedelsowend, dee mer dëst Joer beim Rita gemeeschtert hunn. Eng ganz Partie Leit (Lëtzebuerger souwéi eis Kolleegen aus Holland, Bulgarien, Däitschland, …) hunn et bis an d’George Street fonnt a konnten hei dem Comité hier Kach(on)kënschten testen 😉 Se hunn sech d’Kniedelen (vegetaresch an non-vegetaresch) mam Äpperlbrood awer all gutt schmaache geloossen.

D’Préparatiounen vun de Kniedlen lafen op Héichtouren.
Vu lénks no riets: Robin, Rita, Jessie, Rafael. (Foto: Catherine).

Als schéinen Ofschloss si mer op de Chrëschtmaart op Edinburgh gefuer an hunn déi wanterlech Chrëschtzäit bei engem vum Cercle offréierten Glühwäin genoss.

Zu Edinburgh um Chrëschtmart: Paul, Wouter, Robin, Jessie, Michelle, Rafael

 

No Comments

Add your comment