Wiesselen op
Wëllkomm zu Aberdeen
Aberdeen läit am Nord-Osten vun Schottland, direkt un der Küst. An der sou genannter Granite City reent et oft manner wéi op aneren Platzen a Schottland,mee d’Wieder ass onbestänneg an ännert oft ganz schnell, sou kann een Moies aus der Fënster kucken an bloen Himmel a Sonn gesinn an dann eng Stonn dono aus dem Haus goen an plätschnaass ginn.
Aberdeen ass déi 3. gréissten Stad an Schottland mat knapp 200000 Awunner, wouvun der eng 30000 Studenten sinn déi op der University of Aberdeen an der Robert Gordon University ageschriwwen sinn.
Firwat studéiers du zu Aberdeen?
Wéi een Studiegang ass bei den Lëtzebuerger Studenten am meeschten besat/ am beléiftsten?
Däi meeschten Lëtzebuerger ginn Englesch studéieren, mee an deen leschten Joren, kommen ëmmer méi Leit Bio, Anthropologie, Mathematik, Physik asw. studéieren.
Wéi bréngt d’LSA d’Lëtzebuerg Studenten zesummen?
- Eisen Kniddel Owend eemol d’Semester
- Visitt vum Chrëschtmaart zu Edinburgh
- Eng Movie Night mat engem Film den aktuel am Kino leeft