Alles iwwert d’Uni

Unien zu Aberdeen

University of Aberdeen

University of Aberdeen ass 1495 gegrënnt ginn an gehéiert zu engen vun den eelsten Universitéiten a Schottland. D’Uni huet zwee verschidden Campussen, den Haapt-campus King’s College wou nach vill Gebaier stinn déi mat der Grënnung 1495 gebaut goufen an de Campus Foresterhill wou virun allem Medezin ënnerriichten gëtt.

Folgend Fakultéiten sinn ob der University of Aberdeen ze fannen:

  • Business School
  • Schools incorporating the Arts and Social Sciences
  • Schools incorporating the Life Sciences and Medicine
  • Schools incorporating the Physical Sciences
  • Postgraduate Research School

Méi Informatiounen iwwert d’Uni fannt dier hei. An den Detail zu den Fakultéiten hei.

Robert Gordon University

Robert Gordon University op der anerer Säit ass eng modern Uni déi 1992 gegrënnt gouf an méi ausserhalb vum Zentrum vun Aberdeen läit.

Folgend Faculteiten sinn ob der Robert Gordon University ze fannen:

Aberdeen Business School

  • School of Applied Social Studies
  • School of Computing
  • School of Creative & Cultural Business
  • School of Engineering
  • Gray’s School of Art
  • School of Health Sciences
  • The Law School
  • School of Nursing, Midwifery & Paramedic Practics
  • School of Pharmacy & Life Sciences
  • The Scott Sutherland School of Architecture & Built Environment

Méi Informatiounen iwwert d’Uni fann dier hei.

D’sozial Liewen um Campus

Beit Universitéiten hunn sou genannten Societies an Sportscluben wou all Studentin an Student sengen Interessen nogoen kann. Aus dësem Grond, hunn déi meescht dofir Mëttwochs keng Uniscoursen fir mat hiren spezifeschen Cluben engem Hobby nozegoen.
Och wat d’Iessen ugeet ass den Campus vum King’s College gutt vertrueden. Am Union Hub ass fir all Diät eppes dobäi: vegetareschen, asiateschen, latein-amerikaneschen oder traditionell schotteschen Kascht. Natierlech kritt een och excellent ze iessen an deenen klengen Caféen déi iwwert den ganzen Campus verstoppt sinn.
Och d’Bibliothéik ass eng Visitt wert. Mat sengen 15,500 Metercarré Buedemraum ass et eng super Platz fir ze liesen oder sech mat Frënn ze treffen. Mee et fënnt een net nëmmen Bicher an der Sir Duncan Rice Library. Hir reegelméisseg ännerent Ausstellungen sinn ganz interessant.

It’s party time!

Owes geet et dann an den ‘Institut’ eng vun deenen bekanntsten Diskoen zu Aberdeen.
Och wann Diskoen hei an der Woch schonn ëm 2:00 Auer an Weekends um 3:00 Auer zoumaachen sou kann een awer zu Aberdeen gutt eraus goen, och wann vill Party’en op de sou genannten ‘Flat parties’ stattfannen.

Alles an allem ass Aberdeen eng richteg Studentestad wou jiddereen kann op seng Käschten kommen an sengen Hobbyen an Passiounen nogoen kann.

Umeldung op enger Universitéit a Schottland

Aschreiwung

Jiddereen deen sech wëll op enger Universitéit an Groussbritannien umellen, muss dat online iwwert UCAS (The Universities and Colleges Admissions Service) maachen, also net bei den eenzelen Unien direkt. Hei fënns du déi néideg Informatiounen dozou. Solls Du nach weider Froen hunn dann zéck net eis unzeschreiwen, mer stinn fir all weider Froen gären zu Verfügung.
Wann’s Du nach net weess wat’s Du genau studéieren wëlls oder wou, dann kanns Du dech op UCAS informéieren oder op UCAS Search kucken. Wann’s Du awer schonn weess, dass Du op Aberdeen wëlls kanns de och op Aberdeen Undergraduate Degree Programmes no deem passenden Degree sichen.
Wann’s de dech fir een oder méi Degree’en entscheet hues, dann kanns Du mat der Umeldung op UCAS ufänken. Du kanns am ganzen bis zu 5 Choix’en uginn woubäi der awer just dräi op der nämmlechten Universitéit kënnen sinn, d.h. wann’s Du nach net genau weess wat’s Du wëlls maachen oder op’s Du fir all Degree ugeholl gëss, dann kanns Du dech fir dräi verschidden Degree’en zu Aberdeen umellen an nach zwee Choixen op aneren Unien uginn.
Et ass allerdéngs e bëssen méi deier wann een méi wéi een Choix ugëtt (£13 fir een Choix, £24 ab 2 Choix’en).
Do dono kriss du Offeren vun den Unien geschéckt baséiert op den Donnéeën déi’s Du uginn hues. Et kann och sinn, dass Unien Dech direkt refuséieren, oft kriss de awer ‘Conditional Offers’, wat heescht dass de eng gewëssen Moyenne muss hunn fir dass d’Uni Dech unhëlt. Kriss de méi wéi eng Offer, muss Du dech fir 2 vun Dengen Choixen entscheeden an däin 1. an 2. Choix uginn. Opgepasst: hellt däin 1. Choix Dech schlussendlech un, muss Du och dohin goen, Du kanns dann net méi refuséieren.
Falls Du guer keng Offer kriss, gëtt et nach de ‘clearing’ hei kanns Du dech ëm August op déi Platzen mellen déi nach fräi sinn op den Unien an kriss direkt eng Äntwert op d’Uni Dech unhëlt oder net.

D’Aschreiwungen ginn normalerweis Ufank September op an de Schluss ass Mëtt-Januar. Fir d’Medezin Studium ass d’Aschreiwungsfrist schonn Mëtt-Oktober am Joer virun dem éischten Joer (zum Beispill: Ofschlossjoer – 2021 also Aschreiwung fir Medezin Studium – Oktober 2020). Sief dofir mat Zäiten un!

Wat brauch een fir d’Applikatioun?

Gefrot gëtt en Personal Statement (+/- 600 Wieder), hei solls Du op enger Säit schreiwen firwat’s Du grad deen Degree studéieren wëlls an awer och iwwert deng Parascolaire Aktivitéiten schwätzen am beschten awer ëmmer an Relatioun zu dengem zukünftegen Studium.
Eng Referenz vun engem Proff. Hei ass et am beschten Du wiels enger Säit e Proff wou’s Du weess, dass de eng gutt Referenz kriss awer am beschten och een Proff deen e Fach gëtt dat zu dengem Degree passt, d.h. z.B. den Engleschproff wann’s Du wëlls Englesch studéieren oder de Biologiesproff wann’s de wëlls Medezin studéieren.
Du kanns och deng Notten vun 2ème uginn, domadder kann d’Uni sech schonn e bessert Bild maachen. De Premièresdiplom souwéi d’Notten muss Du dann areechen soubal de den Diplom hues.

Wat fir Moyennen muss ech hunn wann ech well XY studéieren?

Des bezüglech hued d’University of Aberdeen folgend Kritären fir Studenten vun Lëtzebuerg:

Konscht an Social WëssenschaftMoyen vun 45
WëssenschaftMoyen vun 45 an 45 an zwee sciencen Fächer
IngenieurMoyen vun 45 and 45 an der Mathe an Physic
MedezinDen Detail fann der hei.
Numerus clausus – University of Aberdeen

Des Informatiounen gëllen just als Guide. Dat heescht déi Moyennen kennen vun Fall zu Fall variéieren.

Leider hunn mer keng Informatiounen vun der Robert Gordon University kritt.

Studiekäschten

Séit Januar 2021 ass Groussbritannien (also och Schottland) net méi Deel vun der EU. Wat bedeit dat fir d’EU-Studenten?
Ganz einfach gesot, d’Studiekäschten sinn vun £0 ob £18000 bis zu £20700 (fir d’University of Aberdeen) an £3290 bis zu £6750 (fir d’Robert Gordon University) pro Joer eropgaangen.
Aus dësem Grond huet d’University of Aberdeen eng Initiative gestart, déi den EU-Studente soll ënnert d’Ärem gräifen. Fir des Hëllef ze kréien, soll een als Student eng Demande eraschécken, an ofhängeg vun der finanzieller Ënnerstëtzung déi een vun sengem Heemechtsland kritt, kritt een nach zousätzlech Hëllef vun der Uni.