Boursen

Bourse ufroen

Delaien fir d’Wantersemester: 1. August bis 30. November
Delaien fir d’Summersemester: 1. Januar – 30. Abrëll

Wat brauch ech fir meng Bourse unzefroen?

Et muss een op enger Universitéit ageschriwwen sinn an dem zu folgend en Certificat d’Inscription (den Letter of Acceptance geet oft net duer) hunn. Am 1. Joer kriss Du deen réischt sur Place am Student Hub, déi Joren drop kanns Du en och per Email am Student Hub ufroen.
Gebraucht gëtt och nach en RIB (relevé d’identité bancaire) vun ärem Konto op deen d’Suen sollen iwwerwisen ginn, den kann een bei senger Bank ufroen an en do sichen goen oder en iwwert Email geschéckt kréien oder direkt op sengem Online Banking erof lueden (hänkt vun de Banken of).
Et brauch een och eng preuve de paiement vum Loyer (z.B. Kontenauszuch) souwéi eng Kopie Kontrakt.

Wei froen ech meng eicht Bourse un?

Online

Site: guichet.public.lu dofir brauchs Du en LuxTrust Konto.
Op Zugang zu Ihrem Online-Bereich
Dann op der Këscht mat Zugang zu MyGuichet klicken
Mat Token, Smartcard, Singing Stick oder Carte d’identité umellen
Nächsten Schrëtt ass op Wählen Sie einen Vorgang aus klicken
Klick op d’Kategorie Ausbildung
Den Numm vum Virgang ass: CEDIES : Demande d’aide financière de l’Etat pour études supérieures
Op Erstellen drécken an d’Demande ausfëllen
Zum Schluss gëtt den Certificat d’inscription, d’preuve de payment vum Loyer an den RIB gefroot
Wann Onkloerheeten bestinn kuckt iech ënnert dësem Link den Video BOURSE ET PRET DU CEDIES un

https://cedies.public.lu/fr/obtenir-aide-financiere/bourse-pret.html

Deng Donnéeën ginn gespäichert wat d’Ufroen vun der Bourse an deenen nächsten Semester vereinfacht.

Bourse iwwer Formulaire ufroen

Link just driwwer uklicken an bei FAIRE SA DEMANDE op <<Formulaires>> klicken.
Erof scrollen an bei En téléchargeant un document op z.B Aide financière de l’Etat pour études supérieures – Eté 201x-201x : première demande klicken alles ausfëllen an déi néideg Dokumenter dobäi leeën an alles aschécken.
E puer weider Infoen:
Bei ‘frais d’inscriptioun’ kanns Du einfach 0 Euro aginn, vu dat de schotteschen Staat déi iwwerhëlt.
Oft ginn online Demanden méi schnell beaarbecht an Du gesäis de Prozess vun denger Demande
Innerhalb de nächsten Wochen kriss de en gielen Ziedel heem geschéckt mat deem’s Du dann kanns op d’Bank däin Prêt sichen goen.

Des Infoen fannt dier och am Guide du Futur Étudiant vun der ACEL ënnert follgendem Link: https://acel.lu/2019/04/17/guide-du-futur-etudiant/