FAQ

Wei leeft dat bei der LSA of?

Am Prinzip ass dat ganz einfach bei eis. Mir verëffentlechen een Event ob eiser Facebookseit mat all deen néidegen Informatiounen. Dann kanns de ganz einfach entscheeden ob’s de kënns oder net.

Kann een d’Bourse vum CEDIES an SAAS kréien oder muss een sech fir een entscheeden?

Natierlech kanns du SAAS an CEDIES ufroen. Deen eenzegen Ennersheed, ass, dass du keng extra Bourse/Pret fir d’Einschreibegebühren kriss. SAAS ass ganz onofhängech vun CEDIES.

Brauch ech een Führerschain fir mech zu Aberdeen fortzebeweegen?

Bal alles zu Aberdeen ass zu Fous erreechbar, d’Studentenheem vun der Uni ass ongeféier 15 Minutte vum Campus, 5-10 Minutte bis bei den Lidl a ronn 20 Minutten bis zu anere méi grousse Supermarchéen. De Stadzentrum läit ongeféier 45 Minutten zu Fouss vum Wunnheem fort an nëmmen ongeféier 20 Minutte vum Campus aus. Ausserdeem, wann Dir net Brit sidd, kënnt Dir keen Auto ënner 25 Joer an de UK lounen.

Natierlech kann een sech och mam Vëlo fortbeweegen. Et gëtt eng Plaz um Campus (Becycle) wou Dir e Vëlo aus gebrauchte Vëloe kënnt bauen (keng Angscht, et sinn ëmmer vill Leit do déi frou sinn ze hëllefen a hiren Metier verstinn). De Prinzip hei ass, datt Dir de Vëlo fir £40 fir 6 Méint kënnt lounen an dann entweder de Kontrakt gratis verlängeren oder soss de Vëlo zréckbrénge kënnt an d’Sue rëmkritt.

Et ginn och zimmlech gutt Busverbindunge fir méi laang Distanzen.