Op der Uni umellen

Unien zu Aberdeen

University of Aberdeen ass 1495 gegrënnt ginn an gehéiert zu engen vun den eelsten Universitéiten a Schottland. D’Uni huet zwee verschidden Campussen, den Happt-campus King’s College wou nach vill Gebaier stinn déi mat der Grënnung 1495 gebaut goufen an de Campus Foresterhill wou virun allem Medezin ënnerriichten gëtt.
Robert Gordon University op der anerer Säit ass eng modern Uni déi 1992 gegrënnt gouf an méi ausserhalb vum Zentrum vun Aberdeen läit.
Beit Universitéiten hunn sou genannten Societies an Sportscluben wou all Studentin an Student sengen Interessen nogoen kann. Mëttwochs hunn déi meescht dofir keng Uniscoursen well do Sportsmatcher ausgedroen ginn. Owes geet et dann an den ‘Institut’ eng vun deenen bekanntsten Diskoen zu Aberdeen.
Och wann Diskoen hei an der Woch schonn ëm 2:00 Auer an Weekend um 3:00 Auer zoumaachen sou kann een awer zu Aberdeen gutt eraus goen, och wann vill Party’en op de sou genannten ‘Flat parties’ stattfannen.
Aberdeen läit och schonn an den Highlands an vill Busser bréngen een op schéin Platzen vun wou een och mol en Dag trëppelen kann goen oder en Weekendrees maachen kann.
Alles an allem ass Aberdeen eng richteg Studentestad wou jiddereen kann op seng Käschten kommen an sengen Hobbyen an Passiounen nogoen kann.

Umeldung op enger Universitéit a Schottland

Aschreiwung

Jiddereen deen sech wëll op enger Universitéit an Groussbritannien umellen, muss dat online iwwert UCAS (The Universities and Colleges Admissions Service) maachen, also net bei den eenzelen Unien direkt. Hei fënns du déi néideg Informatiounen dozou. Solls Du nach weider Froen hunn dann zéck net eis unzeschreiwen, mer stinn fir all weider Froen gären zu Verfügung.
Wann’s Du nach net weess wat’s Du genau studéieren wëlls oder wou, dann kanns Du dech op UCAS informéieren oder op UCAS Seach kucken. Wann’s Du awer schonn weess, dass Du op Aberdeen wëlls kanns de och op Aberdeen Undergraduate Degree Programmes no deem passenden Degree sichen.
Wann’s de dech fir een oder méi Degree’en entscheet hues, dann kanns Du mat der Umeldung op UCAS ufänken. Du kanns am ganzen bis zu 5 Choix’en uginn woubäi der awer just dräi op der nämmlechten Universitéit kënnen sinn, d.h. wann’s Du nach net genau weess wat’s Du wëlls maachen oder op’s Du fir all Degree ugeholl gëss, dann kanns Du dech fir dräi verschidden Degree’en zu Aberdeen umellen an nach zwee Choixen op aneren Unien uginn.
Et ass allerdéngs e bëssen méi deier wann een méi wéi een Choix ugëtt (£13 fir een Choix, £24 ab 2 Choix’en).
Do dono kriss du Offeren vun den Unien geschéckt baséiert op den Donnéeën déi’s Du uginn hues. Et kann och sinn, dass Unien Dech direkt refuséieren, oft kriss de awer ‘Conditional Offers’, wat heescht dass de eng gewëssen Moyenne muss hunn fir dass d’Uni Dech unhëlt. Kriss de méi wéi eng Offer, muss Du dech fir 2 vun Dengen Choixen entscheeden an däin 1. an 2. Choix uginn. Opgepasst: hellt däin 1. Choix Dech schlussendlech un, muss Du och dohin goen, Du kanns dann net méi refuséieren.
Falls Du guer keng Offer kriss, gëtt et nach de ‘clearing’ hei kanns Du dech ëm August op déi Platzen mellen déi nach fräi sinn op den Unien an kriss direkt eng Äntwert op d’Uni Dech unhëlt oder net.

D’Aschreiwungen ginn normalerweis Ufank September op an de Schluss ass Mëtt-Januar. Fir d’Medezin Studium ass d’Aschreiwungsfrist schonn Mëtt-Oktober am Joer virun dem éischten Joer (zum Beispill: Ofschlossjoer – 2020 also Aschreiwung fir Medezin Studium – Oktober 2019). Sief dofir mat Zäiten un!

Wat brauch een fir d’Applikatioun?

Gefrot gëtt en Personal Statement (+/- 600 Wieder), hei solls Du op enger Säit schreiwen firwat’s Du grad deen Degree studéieren wëlls an awer och iwwert deng Parascolaire Aktivitéiten schwätzen am beschten awer ëmmer an Relatioun zu dengem zukünftegen Studium.
Eng Referenz vun engem Proff. Hei ass et am beschten Du wiels enger Säit e Proff wou’s Du weess, dass de eng gutt Referenz kriss awer am beschten och een Proff deen e Fach gëtt dat zu dengem Degree passt, d.h. z.B. den Engleschproff wann’s Du wëlls Englesch studéieren oder de Biologiesproff wann’s de wëlls Medezin studéieren.
Du kanns och deng Notten vun 2ème uginn, domadder kann d’Uni sech schonn e bessert Bild maachen. De Premièresdiplom souwéi d’Notten muss Du dann areechen soubal de den Diplom hues.

Opgepasst: bei der Registréierung solls Du net self-funding uginn, mee Student AA Scotland. SAAS bezilt d’Aschreiwung fir Dech. D’Studéieren a Schottland kascht Dech (am Moment nach) also keng Aschreiwungsfraisen.

SAAS – Student Awards Agency For Scotland*

Vu dat de schotteschen Staat och fir d’Aschreiwungsfraisen fir Studenten aus aneren EU-Länner opkënnt, muss Du keng Suen un d’Uni iwwerweisen, du muss just eng Demande op SAAS maachen an Deng Aschreiwungsfraisen ginn dann iwwerholl ouni. Du kriss d’Suen net selwer, mee se ginn direkt un d’Uni bezuelt wou’s Du studéieren gees.
Et brauch een nach keng Examensresultater fir dësen Fong unzefroen.
Klick op:

  • Full-time oder Part-time student, jee nodeems wat op Dech zoutrefft
  • Undergraduate oder Postgraduate
  • EU nationals
  • Eligibility
  • How to apply
  • MyAccount

Erof scrollen an op d’Registration Page klicken. Alles ausfëllen an online de Pass oder d’Carte d’identité schécken.
Wann alles mat der Umeldung klappt, musst Du Dech op MyCurriculum umellen an all är Informatiounen uginn. Och hei muss Du erëm uginn, dass Du net selwer bezils.

*Des wäert sech no Dezember 2020 änneren.