Unien zu Aberdeen

University of Aberdeen ass 1495 gegrënnt ginn an gehéiert zu engen vun den eelsten Universitéiten a Schottland. D’Uni huet zwee verschidden Campussen, den Haptcampus King’s College wou nach vill Gebaier stinn déi mat der Grënnung 1495 gebaut goufen an de Campus Foresterhill wou virun allem Medezin ënnerriichten gëtt.

Robert Gorden University op der anerer Säit ass eng modern Uni déi 1992 gegrënnt gouf an méi ausserhalb vum Zentrum vun Aberdeen läit.

Beit Universitéiten hunn sou genannten Societies an Sportsclib wou all Studentin an Student sengen Interessen nogoen kann. Mëttwochs hunn déi meescht dofir keng Uniscouren well do Sportsmatcher ausgedroen ginn. Owes geet et dann an den ‘Institut’ eng vun deenen bekanntsten Diskoen zu Aberdeen.

Och wann Diskoen hei an der Woch schonn ëm 2:00 Auer an Weekend um 3:00 Auer zoumaachen sou kann een awer zu Aberdeen gutt eraus goen, och wann vill Party’en op de sou genannten ‘Flat parties’ stattfannen.

Aberdeen läit och schonn an den Highlands an vill Busser bréngen een op schéin Platzen vun wou een och mol en Dag trëppelen kann goen oder en Weekendsrees maachen kann.

Alles an allem ass Aberdeen eng richteg Studentestad wou jiddereen kann op seng Käschten kommen an sengen Hobbyen an Passiounen nogoen kann.

Umeldung op enger Universitéit a Schottland

Aschreiwung

Jiddereen deen sech wëll op enger Universitéit an Groussbritannien umellen, muss dat online iwwert UCAS (The Universities and Colleges Admissions Service) maachen, also net bei den eenzelen Unien direkt. Hei fënns du déi néideg Informatiounen dozou. Solls Du nach weider Froen hunn dann zéck net eis unzeschreiwen, mer stinn fir all weider Froen gären zu Verfügung.

Wann’s Du nach net weess wat’s Du genau studéieren wëlls oder wou, dann kanns Du dech op UCAS.com informéieren oder op https://www.ukcoursefinder.com kucken. Wann’s Du awer schonn weess, dass Du op Aberdeen wëlls kanns de och op https://www.abdn.ac.uk/study/undergraduate/degree-programmes/ no deem passenden Degree sichen.

Wann’s de dech fir een oder méi Degree’en entscheet hues, dann kanns Du mat der Umeldung op UCAS ufänken. Du kanns am ganzen bis zu 5 Choix’en uginn woubäi der awer just dräi op der nämmlechten Universitéit kënnen sinn, d.h. wann’s Du nach net genau weess wat’s Du wëlls maachen oder op’s Du fir all Degree ugeholl gëss, dann kanns Du dech fir dräi verschidden Degree’en zu Aberdeen umellen an nach zwee Choixen op aneren Unien uginn.

Et ass allerdéngs e bëssen méi deier wann een méi wéi een Choix ugëtt (£13 fir een Choix, £24 ab 2 Choix’en).

Do dono kriss du Offeren vun den Unien geschéckt baséiert op den Donnéeën déi’s Du uginn hues. Et kann och sinn, dass Unien Dech direkt refuséieren, oft kriss de awer conditional offers, wat heescht dass de eng gewëssen Moyenne muss hunn fir dass d’Uni Dech unhëlt. Kriss de méi wéi eng Offer, muss Du dech fir 2 vun Dengen Choixen entscheeden an däin 1. an 2. Choix uginn. Opgepasst: hellt däin 1. Choix Dech schlussendlech un, muss Du och dohin goen, Du kanns dann net méi refuséieren.

Falls Du guer keng Offer kriss, gëtt et nach de ‘clearing’ hei kanns Du dech ëm August op déi Platzen mellen déi nach fräi sinn op den Unien an kriss direkt eng Äntwert op d’Uni Dech unhëlt oder net.

D’Aschreiwungen ginn normalerweis Ufank September op an de Schluss ass Mëtt-Januar. Sief dofir mat Zäiten un!

Wat brauch een fir d’Applikatioun?

Gefrot gëtt en Personal Statement (+/- 600 Wieder), hei solls Du op enger Säit schreiwen firwat’s Du grad deen Degree studéieren wëlls an awer och iwwert deng Parascolaire Aktivitéiten schwätzen am beschten awer ëmmer an Relatioun zu dengem zukünftegen Studium.

Eng Referenz vun engem Proff. Hei ass et am beschten Du wiels enger Säit e Proff wou’s Du weess, dass de eng gutt Referenz kriss awer am beschten och een Proff deen e Fach gëtt dat zu dengem Degree passt, d.h. z.B. den Engleschproff wann’s Du wëlls Englesch studéieren oder de Biologiesproff wann’s de wëlls Medezin studéieren

Du kanns och deng Notten vun 2ème uginn, domadder kann d’Uni sech schonn e bessert Bild maachen. De Premièresdiplom souwéi d’Notten muss Du dann areechen soubal de den Diplom hues.

Opgepasst: bei der Registréierung solls Du net self-funding uginn, mee

Student AA Scotland. SAAS bezillt d’Aschreiwung fir Dech. D’Studéieren a Schottland kascht Dech (am Moment nach) also keng Aschreiwungsfraisen.

SAAS – Student Awards Agency For Scotland

Vu dat de schotteschen Staat och fir d’Aschreiwungsfraisen fir Studenten aus aneren EU-Länner opkënnt, muss Du keng Suen un d’Uni iwwerweisen, du muss just eng Demande op www.saas.gov.uk maachen an Deng Aschreiwungsfraisen ginn dann iwwerholl ouni. Du kriss d’Suen net selwer, mee se ginn direkt un d’Uni bezuelt wou’s Du studéieren gees.

Et brauch een nach keng Examensresultater fir dësen Fong unzefroen.

Klick op:

  • Full-time oder Part-time student, jee nodeems wat op Dech zoutrefft
  • Undergraduate oder Postgraduate
  • EU nationals
  • Eligibility
  • How to apply
  • MyAccount

Erof scrollen an op d’registration page klicken. Alles ausfëllen an online de Pass oder d’Carte d’identité schécken.

Wann alles mat der Umeldung klappt, musst Du Dech op MyCurriculum umellen an all är Informatiounen uginn. Och hei muss Du erëm uginn, dass Du net selwer bezils.

Bourse ufroen

Delaien fir d’Wantersemester: 1. August bis 30. November

Dealaien fir d’Summersemester: 1. Januar – 30. Abrëll

Wat brauch ech fir meng Bourse unzefroen?

Et muss een op enger Universitéit ageschriwwen sinn an demzufolg en Certificat d’Inscription (den Letter of Acceptance geet oft net duer) hunn. Am 1. Joer kriss Du deen reicht sur place am Student Hub, déi Joeren drop kanns Du en och per Email am Student Hub ufroen.

Gebraucht gëtt och nach en RIB (relevé d’identité bancaire) vun ärem Konto op deen d’Suen sollen iwwerwisen ginn, den kann een bei senger Bank ufroen an en do sichen goen oder en iwwert Email geschéckt kréien oder direkt op sengem Online Banking erof lueden (hänkt vun de Banken of).

Et brauch een och eng preuve de paiement vum Loyer (z.B. Kontosauszuch) souwéi eng Kopie Kontrakt.

Wei froen ech meng eicht Bourse un?

Online:

Site: guichet.public.lu dofir brauchs Du en LuxTrust Konto.

Op Zugang zu Ihrem Online-Bereich

Dann op der Këscht mat Zugang zu MyGuichet klicken

Mat Token, Smartcard, Singing Stick oder Carte d’identité umellen

Nächsten Schrëtt ass op Wählen Sie einen Vorgang aus klicken

Klick op d’Kategorie Ausbildung

Den Numm vum Virgang ass: CEDIES : Demande d’aide financière de l’Etat pour études supérieures

Op Erstellen drécken an d’Demande ausfëllen
Zum Schluss gëtt den Certificat d’inscription, d’preuve de payment vum Loyer an den RIB gefroot
Wann Onkloerheeten bestinn kuckt iech ënnert dësem Link den Video BOURSE ET PRET DU CEDIES un

https://cedies.public.lu/fr/obtenir-aide-financiere/bourse-pret.html

Deng Donnéeën ginn gespäichert wat d’Ufroen vun der Bourse an deenen nächsten Semester vereinfacht.

Bourse iwwer Formulaire ufroen:

Link just driwwer uklicken an bei FAIRE SA DEMANDE op <<Formulaires>> klicken.

Erof scrollen an bei En téléchargeant un document op z.B Aide financière de l’Etat pour études supérieures – Eté 201x-201x : première demande klicken alles ausfëllen an déi néideg Dokumenter dobäi leeën an alles aschécken.

E puer weider Infoen:
Bei ‘frais d’inscriptioun’ kanns Du einfach 0 Euro aginn, vu dat de schotteschen Staat déi iwwerhëlt.
Oft ginn online Demanden méi schnell beaarbecht an Du gesäis de Prozess vun denger Demande

Innerhalb de nächsten Wochen kriss de en gielen Ziedel heem geschéckt mat deem’s Du dann kanns op d’Bank däin Prêt sichen goen.